Mir bréngen deng Konscht op Kleeder

Drock ab 20 Stéck - Borderie ab 10 Stéck

Kleedermark / Merch Lookbook 2019

Hei fënns du e puer Beispiller vun Brand an Merch Kollektiounen vun dësem Joer, déi beim Drockmeeschter gedréckt goufen!

Just be creative - mir këmmeren eis ëm de Rescht!

Vun Siebdrock a Broderie (fashion industrie standarts) bis zu Neck Prints, Hang Tags an Etiketten kënnen mir denger Mark en all-inclusive Service ubidden mat héicher Qualitéit, wat eis éischt Prioritéit ass.
  • SCREEN PRINTING

    AB 20 DRÉCK

  • EMBROIDERY

    AB 10 STÉCK

  • NECK PRINTS

    AB 50 DRÉCK

  • HANG TAGS

    AB 50 STÉCK

  • ETIKETTEN

    AB 100 STÉCK

All d'Kleeder déi mir veredelen

Hei fënns du d'Kleeder déi mir veredelen kënnen. Mir hunn dës Modeller bei eis am Shop zu Beggen ausgehaangen - du kanns gären laascht kommen an d'Kleeder umoossen fir de passenden Schnëtt an d'Faarf erauszefannen.

Bëllegsten Drock an Broderie am Land

Hei fënns du d'Präislëscht vum 

Siebdrock a vun der Broderie. 

Zousätzlech Veredelungen wéi z.B e Neck Print mussen individuel ugefrot ginn. Mell dech gären wanns du Hëllef mat der Präisrechnung brauchs! 

Eis Drockmeeschter Visioun

Dem Drockmeeschter säin Ziel ass et fir d'Kreatioun vun enger Kleedermark oder enger Merch Kollektioun hei zu Lëtzebuerg fir jiddereen accessibel ze maachen. Als vertraulechen Partner wäerten mir Dag fir Dag eist Bescht ginn fir deng Kleedermark zesummen erfollegräich opzebauen!

Oft gestallte Froen

Wei schnell kann meng Commande fäerdeg sinn?


An der Reegel dauert et 2 bis maximal 3 Wochen bis deng Commande fäerdeg bedréckt/gestéckt ass! Speziell Add-ons ewéi z.B. Neck Prints kann d'Produktiounsdauer e puer Deeg verlängeren.




Wei leeft et mam Bezuelen of?


Fir ze bezuelen hues du zwou Méiglechkeeten: 1. Du sammels d'Suen vun dengen Clienten an bezils mat Cash op der Platz wanns du deng fäerdeg Commande sichen kënns. 2. Du sammels d'Suen vun dengen Clienten an bezils per Virement bancaire innerhalb vun enger Woch ab deem Dag wous du deng fäerdeg Commande sichen komm bass.




A wéi engem Format braucht dir d'Logoen?


Idealerweis brauchen mir d'Logoen als Vektordatei (.ai, .eps, .svg oder .pdf), alternativ kanns du eis d'Logoen och als héichopléisend Foto (.png oder .jpeg) mat enger Mindestopléisung vun 300 DPI oder als Photoshop Datei .psd eraschécken.




Wéi weess ech dass d'Kleeder genau sou ginn ewéi ech mir et virstellen?


Mir bestëmmen zesummen d'Positioun, d'Gréisst an d'Faarwen vun de Logoen befiers du bestells (du kanns eis gären déi genau Dimensiounen vun de Logoen an Zentimeter schécken/soen). Befiert d'Kleeder veredelt ginn schécken mir dir e Preview deens du eis bestätegen muss an un dësem orientéieren mir eis sou gutt ewéi et geet.




Wéi eng Informatiounen braucht dir fir meng Commande?


- De Modell (oder d'Modeller) vun de Kleeder déi bedréckt/gestéckt solle ginn - D'Faarwen vun de Kleeder - D'Gréisstenopdeelung vun de Kleeder (z.B. 5x S, 20x M, 20x L, 5x XL) - De Logo am richteg Format, d'Gréisst an d'Positioun vun de Logoen um Kleedungsstéck - Wéi eng Veredlungstechnick? Befiers du Commande placéiers, muss du de finalen Preview an eisen Devis bestätegen




Wéi kann ech mech am beschten fir eise RDV preparéieren?


Du kanns dir gären am Viraus Gedanken iwwer d'Kleedungsstécker an d'Faarwen maachen déi a Fro kommen kéinten, iwwert déi ongeféier Stéckzuel an d'Gréisstenopdeelung an iwwert den allgemengen Design vun de Kleedungsstécker. Wanns du de Logo schonn hues, kanns du dësen gären op engem USB-Stick matbréngen, falls du nach keen Logo hues kanns du einfach konkret Skizzen matbréngen ewéis du dir de Logo virstells.





Kontaktéiert eis!

Du hues eng bestëmmt Fro oder wëlls e RDV huelen fir beim Drockmeeschter laanscht ze kommen? Zéck net eis ze kontaktéieren!

5, rue de Neuerburg, L-2215 Beggen, Luxembourg

Dënschdes - Samsdes: 12h - 18h (op RDV)

 

 

© 2019 Drockmeeschter

  • Facebook
  • Instagram