Siebdrock

De Siebdrock ass déi qualitatiivsten Drockmethod déi et gëtt an dofir säit laangem weltwäit déi meescht benotzen Technik an der Textildrockindustrie. Mat engem 
Minimum vun 20 Stéck as dës traditionell Drocktechnik 
besonnesch fir gréisser Stéckzuelen gëeegent:
  • D'Faarwen kommen kräfteg an poppeg eraus
  • Spezialeffekter wéi Neon, Glitzer, Glow in the Dark etc. méiglech
  • Am Siebdrock ass eng Drockfläch bis zu 40cm x 68cm méiglech
  • Den Drock geet net an der Wäsch of
  • Extrem bëlleg bei groussen Quantitéiten
De Siebdrockpräis gëtt méi bëlleg, wat méi bestallt gëtt an gëtt pro Faarf am Design méi deier.
 

Broderie

Ab engem ​Minimum vun 10 Stéck ass et méiglech de Logo mat engem Fueden an d'Kleeder ze bitzten an doweinst ass d'Broderie déi qualitatiivsten Veredelungsmethod déi et gëtt! Broderie ass besonnesch fir op déck Stoffer ewéi Hoodies, Sweatshirts, Jacketen, Poloen, Fleecen etc geegent:
  • Méi-faarweg Logoen méiglech
  • 3D Effekt méiglech
  • Stéckfläch bis zu 25x30 cm méiglech
  • D'Broderie geet net an der Wäsch of
  • Extrem bëlleg bei groussen Quantitéiten
De Präis vun enger Broderie hänkt vun der Gréisst vum Logo an méi genau vun der Unzuel u Stéch of, déi néideg sinn fir de Logo ze stécken. 
 

Relabeling

Neck Prints (ab  50 Stéck): 
D'Originaletikette vun der Mark vum Kleedungsstéck gëtt eraus gehol an dein personaliséierten Logo gëtt an d'Genéck gedréckt. (max. 1 Faarf)
 
Hang Tags (ab  100 Stéck):
Un all Kleedungsstéck gëtt en Hang Tag  dru gehaang. Ob de Präis vum Umaachen vum Hangtag, kënnt nach de Produktiounspräis vum Hangtag selwer drop, deen bei klengen Stéckzuelen relativ deier ass.
Gebitzt Etiketten (ab  100 Stéck):
D'Originaletikette vun der Mark vum Kleedungsstéck gëtt eraus gehol an eng eegen Stoffen Etikette gëtt an d'Genéck gebbitzt. Ob de Präis vum Abitzen vun der Etikette, kënnt nach de Produktiounspräis vun der Etikette selwer drop, deen bei klengen Stéckzuelen relativ deier ass.
 

Personaliséierung

Sektiounen op den Aarm:
Fir en Opräiss ass et méiglech op den Aarm vun engem Premièreshoodie d'Sektioun vun de jeeweilegen Schüler ze drécken. Fir Feeler an Mëssverständnesser ze vermeiden brauchen mir allerdéngs eng digital Lescht wou kloer ervir geet op weien Hoodie wei eng Sektioun kënnt. Fir all Feeler an dëser Lescht kënnen mir herno leider net méi opkommen.
Hang Tags Spëtznimm, Nimm, Initialen a Nummer: Fir en Opräiss ass et méiglech d'Kleeder mat engem Spëtznumm, engem Numm, mat Initialen oder enger Nummer ze personaliséieren. Fir Feeler an Mëssverständnesser ze vermeiden brauchen mir allerdéngs eng digital Lescht wou kloer ervir geet wat op wéien Kleedungsstéck gedréckt soll ginn. Fir all Feeler an dëser Lescht kënnen mir herno leider net méi opkommen. 
 

Logo Design

Falls dir eppes beim Drockmeeschter bestellen wëllt an awer nach kee Logo huet, kënnen mir iech gären e Logo designen. Fir eis Zesummenaarbecht sou effikass an erfollegräich wei méiglech ze gestalten, kënnt dir eis am beschten schonn ganz konkret Iddien, Skizzen an Inspiratiounen aus dem Internet schécken, domat mir genau verstinn wéi de finalen Logo herno visuell soll ausgesinn!
De Präis vum finalen Logo hänkt vun der Komplexitéit vum Logo of, dh vun der Zäit déi néideg ass fir de Logo ze designen.
 

Kontaktéiert eis!

Du hues nach eng bestëmmten Fro zu engem vun eise Servicer? Mir freeën eis fir deng Froen ze beäntweren!

5, rue de Neuerburg, L-2215 Beggen, Luxembourg

Dënschdes - Samsdes: 12h - 18h (op RDV)

  • Facebook
  • Instagram

 

 

© 2019 Drockmeeschter