Firmen a Veräiner

Bedréckten a gestéckte Kleeder fir Firmen, Veräiner, Scouten, Sportklib, Organisatiounen, Parteien a ville méi zu Lëtzebuerg

Wat mir alles ubidde kënnen?

Vun Siebdrock a Broderie (qualitatiivst Veredelungsmethoden déi et gëtt) bis zu personaliséierten Nimm, Nummer an Initialen kënnen mir ouni Problem all är Virstellungen ëmsetzen! Gären hëllefen mir iech och beim Design vun ärem Logo mat deem d'Kleeder veredelt solle ginn.

SIEBDROCK

Ab 20 Stéck

FLEXDROCK

Ab 20 Stéck

BESTÉCKUNG

Ab 10 Stéck

LOGO DESIGN

Ab 1 Logo

D'Kleeder déi mir bedrécken/stécken kënnen

All d'Kleeder déi mir  ubidden hunn verschidden Produktiouns Zertifikater déi sech international fir eng ethesch korrekt an méiglechst ëmweltschounend Hierstellung vun de Kleeder asetzen.
Casual
Workwear
Accessoiren

Bëllegsten Drock an Broderie am Land

Hei fannt dir d'Präislëscht vum Siebdrock a vun der Broderie. An der Reegel kann den Drockmeeschter iech déi bëllegst Veredelungspräisser zu Lëtzebuerg ubidden. Kontaktéiert eis gären wann dir Problemer mat der Präisrechnung huet oder fir e schrëftlechen Devis unzefroen.

Plangt mat eis zesummen déi nächst Commande!

Mir hunn eis zum Ziel gesat d'Bestellen vun bedréckten a gestéckten Kleeder zu Lëtzebuerg sou einfach wéi méiglech ze maachen. Kommt dofir ganz einfach an eise Shop op Beggen, kuckt iech all eis Kleeder a Rou un an loosst iech bei allem vun eis beroden!

Oft gestallte Froen

Wei schnell kann meng Commande fäerdeg sinn?


An der Reegel dauert et 2 bis maximal 3 Wochen bis är Commande fäerdeg bedréckt/gestéckt ass!




Wei leeft et mam Bezuelen of?


Wann är Commande fäerdeg ass, schécken mir iech eng Rechnung mat eiser Kontosnummer, ab deem Dag huet dir eng Woch laang Zäit fir d'Rechnung ze iwwerweisen. En Acompte vun 25% froen mir ab Commanden vun 5000€ an driwwer.




A wéi engem Format braucht dir d'Logoen?


Idealerweis brauchen mir d'Logoen als Vektordatei (.ai, .eps, .svg oder .pdf), alternativ kënnt dir eist Logoen och als héichopléisend Foto (.png oder .jpeg) mat enger Mindestopléisung vun 300 DPI oder als Photoshop Datei .psd eraschécken.




Wéi weess ech dass d'Kleeder genau sou ginn ewéi ech mir et virstellen?


Mir bestëmmen zesummen d'Positioun, d'Gréisst an d'Faarwen vun de Logoen befiert dir bestellt (dir kënnt eis gären déi genau Dimensiounen vun de Logoen an Zentimeter schécken/soen). Befiert d'Kleeder veredelt ginn schécken mir iech e Preview deen dir eis bestätegen musst an un dësem orientéieren mir eis sou gutt ewéi et geet.




Wéi eng Informatiounen braucht dir fir meng Commande?


- De Modell (oder d'Modeller) vun de Kleeder déi bedréckt/gestéckt solle ginn - D'Faarwen vun de Kleeder - D'Gréisstenopdeelung vun de Kleeder (z.B. 5x S, 20x M, 20x L, 5x XL) - De Logo am richteg Format, d'Gréisst an d'Positioun vun de Logoen um Kleedungsstéck - Wéi eng Veredlungstechnick? Befiert dir Commande placéiert, muss dir de finalen Preview an eisen Devis bestätegen!





Kontaktéiert eis!

Dir huet eng bestëmmt Fro oder wëllt e RDV huelen fir beim Drockmeeschter laanscht ze kommen? Zéckt net eis ze kontaktéieren!

5, rue de Neuerburg, L-2215 Beggen, Luxembourg

Dënschdes - Samsdes: 12h - 18h (op RDV)

 

 

© 2019 Drockmeeschter

  • Facebook
  • Instagram