Iwwert den Drockmeeschter

Den Drockmeeschter ass am Februar 2017 offiziel als Sàrls gegrënnt ginn mat der Visioun fir d'Bestellen vun bedréckten a gestéckten Kleeder hei zu Lëtzebuerg sou einfach ewéi méiglech an fir jidereen accesibel ze maachen.​
Am Summer 2015 hunn déi zwee Grënner vum Drockmeeschter, de Maurice an de Ben, am Alter vu 15 Joër hier eegen Kleedermark gegrënnt. Hier Sich no enger Firma hei zu Lëtzebuerg déi sech em d'Bedrécken vun hieren Kleeder këmmeren kéint haat leider kee Succès fonnt soudass de Maurice an de Ben keen aneren Choix haaten wéi hier Saachen an Deitschland ze bestellen. Mat eegenen Aan hunn sie erliewt wéi schwéier an riskant et ass fir am Ausland ze bestellen, ouni eng physesch Kontaktpersoun an ouni d'Méiglechkeet d'Kleeder an Drocktechnicken am Viraus eng Kéier gesinn ze hunn.
No villen negativen Erfarungen a falsch geliwwerten Wueren hunn déi zwee dunn aus dem Projet vun der Kleedermark eraus decidéiert déi Firma hei zu Lëtzebuerg ze grënnen, déi e séchert a risikofräit Bestellen vu bedréckten Kleeder erméiglecht - an sou ass den Drockmeeschter entstanenen.
Ugefaangen hunn déi zwee an der Garage vun hiren Elteren andeems si sech an déi sëllech Veredelungstechnicken era geschafft hunn an sech besonnesch intensiv d'Siebdrockverfahren selwer ugeléiert hunn, mam d'Ziel Drock- an Veredelungsindustrie sou gutt ewéi méiglech ze verstoen. Séier kruten si hier éischt Commanden an den Drockmeeschter huet ugefaange sech besonnesch bei de Jonken en Numm ze maachen.
Fir der wuessender Demande nozekommen sinn si 2018 aus der Garage an e méi grousst Lokal op Beggen geplënnert. Parallel hunn si hier Verdelungsservicer ëmmer weider verbessert an hunn Partnerschaften mat professionellen Textilveredeler opgebaut.
Haut huet den Drockmeeschter  e groussen Showroom zu Beggen, wou mir all eis Kleeder, déi mir bedrécken oder stécken kënnen, ausgestallt hunn. Dir kënnt gären laanscht kommen fir iech dës unzekucken an unzeprobéieren an iech vun eiser grousser Erfarung am Bestellen vun veredelten Kleeder beroden ze loossen. Duerch eis effikass Produktiouns Chaîne, déi mir iwwer Joren elaboréiert hunn, kënnen mir iech haut séier, sécher an mat héijer Qualitéit Kleeder fräi no ären Wënsch a Virtellungen an an ganz héijen Quantitéiten bedrécken oder stécken. Mir freeën eis op iech!

5, rue de Neuerburg, L-2215 Beggen, Luxembourg

Dënschdes - Samsdes: 12h - 18h (op RDV)

  • Facebook
  • Instagram

 

 

© 2019 Drockmeeschter