All d'Labels vun eise Kleeder

All d'Kleeder déi mir ubidden hunn verschidden Produktiouns Zertifikater déi sech international fir eng ethesch korrekt an méiglechst ëmweltschounend Hierstellung vun de Kleeder asetzen. 
Fir wat si sech genau asetzen gëtt am Folgenden kuerz erkläert:
De Label vum vum "Fairtrade Kotteng" versicht eng méi fair Bezuelung an der Kotteng Industrie an den Hierstellungslänner ze garantéieren, andeems si de Kotteng zu hirem Fairtrade Minimum Präis akafen. Besonnesch d'Kotteng Baueren, déi oft an der Produktiouns Chaîne vum Kotteng am mannsten verdéngen, profitéieren vum Wierken vun der Fairtrade Organisatioun.
Méi Informatiounen iwwert de Fairtrade Label
D'Kleeder mam GOTS (Global Organic Textile Standart) Label sinn aus organeschen Materialien (besonnesch Kotteng) an mat ëmweltfrëndlechen an sozial verantwortlechen Methoden hiergestallt ginn. Organesche Kotteng ass Kotteng deen net Gen-manipuléiert ass an deen net mat syntheteschen Chemikalien wéi z.B. Pestiziden oder Dünger ugebaut gouf, déi fir d'Ëmwelt souwéi fir d'Kotteng Baueren schiedlech sinn. 
 
Méi Informatiounen iwwert de GOTS Label
D'FairWear Fondatioun setzt sech op internationalen Niveau fir fair a gutt Aarbechtskonditiounen am Textil-Secteur an. De Kampf géint Kanneraarbecht, d'Gender Equality an der Textil Industrie an d'Bezuelen vun engem Liewensënnerhalt deen den Aarbechter erméiglecht mënschewierdeg ze liewen sinn nëmmen e puer vun de Zieler déi d'Fondatioun sech mat hiren Memberen gesat huet an d'Joer iwwer kontrolléiert.
Méi Informatiounen iwwert de FairWear Label
Den OekoTex​ STANDARD 100 Label test all d'Komponenten vun de Kleedungsstécker op schiedlech a gëfteg Substanzen déi mam Konsument vum Kleedungsstéck a Kontakt kommen kéinten. An anere Wieder: D'Kleeder déi mat dem OekoTex​ STANDARD 100 Label zertifiéiert sinn, hunn garantéiert keng Gëftstoffer déi schiedlech fir deejéinegen sinn, deen d'Kleeder am Alldag undeet.
Méi Informatiounen iwwert de OekoTex Label
De WRAP (Worlwide Responsible Accredited Production) Label setzt sech fir eng Kleederhierstellung ënnert mënschewierdegen an ethesch korrekten Konditiounen an den den Hierstellungslänner an.
D'Verbuet vu Kanneraarbecht, vun Zwangsaarbecht an vun Diskriminatioun souwéi en séchert a gesond Aarbechtsëmfeld sinn nëmmen e puer vun hiren 12 Haaptprinzipien.
Méi Informatiounen iwwert de WRAP Label
Kleeder mat dem ORGANIC 100 Label bestinn zu 100% aus organeschem Kotteng. 
Organesche Kotteng ass Kotteng deen net Gen-manipuléiert ass an deen net mat syntheteschen Chemikalien wéi z.B. Pestiziden oder Dünger ugebaut gouf, déi fir d'Ëmwelt souwéi fir d'Kotteng Baueren schiedlech sinn. 
Méi Informatiounen iwwert de OCS 100 Label
Den EU Ecolabel fördert d'circular economy an deem si d'Produzenten opfuerderen fir manner CO2 Ofgasen wärend der Produktioun ze generéieren. En aneren Kritär vum EU Ecolabel ass et d'Firmen dozou ze bréngen fir méi nohalteg an recyclabel Produiten hierzestellen. D'Ziel ass et fir den Impakt op d'Grondwaasser, d'natierlech Ressourcen, d'Biodiversitéit an d'Äerderwiermung sou geréng ewéi méiglech ze halen.
Méi Informatiounen iwwert de OCS 100 Label
Den SA8000® Standard Label setzt sech fir eng fair Behandelung vun den Arbeschter an der Texil Industrie an. Kannerarbescht, Diskriminatioun, Zwangsaarbescht a eng fair Rénumératioun souwéi geregelt Aerbeschtstonnen sinn e puer vun den Haaptelementer vun dësem Label.
Méi Informatiounen iwwert de SA8000® Standard  Label
All d'Kleeder déi mir ubidden hunn op mannst een vun dëse Labels. An eisem Shop sinn d'Kleeder markéiert mat de jeeweilegen Labels, dir kënnt eis awer och gären schreiwen fir erauszefannen wei een Kleedungsstéck wéi eng Labels huet.

5, rue de Neuerburg, L-2215 Beggen, Luxembourg

Dënschdes - Samsdes: 12h - 18h (op RDV)

  • Facebook
  • Instagram

 

 

© 2019 Drockmeeschter