Hoodies fir deng Klass

Looss deng Klassenhoodies als schéinen Souvenir oder fir de nächsten Ausflug ganz einfach beim Drockmeeschter bedrécken 

Klassenhoodies 2018-2019

Hei fënns du Beispiller vun Klassenhoodies déi d'lescht Schouljoer beim Drockmeeschter bedréckt gi sinn.

1. Sicht iech en Hoodie raus

Fir den Ënnerscheed tëschent de Modeller ze gesinn, kënnt dir gären e RDV huelen fir an eise Shop op Beggen ze kommen an d'Hoodies hei unzeprobéieren!
BASIC COSY Hoodie 30€
mat Drock pro Hoodie*
Gréissten: S, M, L, XL, XXL
PREMIUM Hoodie 35
mat Drock pro Hoodie*
Gréissten: XS, S, M, L, XL, XXL, 3XL, 4XL
mat Drock pro Hoodie*
FAIRTRADE Hoodie 40
Gréissten:, S, M, L, XL, XXL, 3XL
* Ab 20 Hoodies / Des Präisser beinhalten 17% TVA an zwee verschidden Dréck op den Hoodie.  
Den éischte Logo däerf maximal 3 Faarwen hunn, den zweeten maximal 1 Faarf - d'Positioun an d'Gréisst vun de Logoen kann frei ausgewielt ginn! 

2. Designt e Logo

Designt iech als nächst e schéine Logoen fir op d'Hoodies! Wann dir Hëllef braucht mat der Ëmsetzung vum Logo kënnt dir eis är Skizzen an Iddien eraschécken an mir probéieren dës sou gutt ewéi méiglech ëmzesetzen! Hei e puer Beispiller:

3. Bestellt d'Hoodies

Kommt bei eis an de Shop zu Beggen an plangt mat eis zesummen ären Klassenhoodie. Gären ginn mir iech en Umooss-Set mat, domat jiddereen d'Hoodies an der Klass umoossen kann befier dir bestellt. 
Hei kanns du eng Excels Tabell eroflueden fir d'Gréissten beim umoossen direkt richteg anzedroen. Nodeems mir d'Gréissten an d'Faarwen vun iech kruten, dauert et 2-3 Wochen bis alles fäerdeg ass!
30€ mat Drock

Oft gestallte Froen

Kënnen mir d'Hoodies an verschiddenen Faarwen huelen?


Jo, dir kënnt d'Hoodies a verschidden Faarwen huelen, allerdéngs muss d'Faarf vum Logo ëmmer déi selwecht sinn. Mir recommandéieren also Faarwen ze huelen op deenen de Logo gutt siichtbar ass!




Wei leeft et mam Bezuelen of?


Fir ze bezuelen huet dir zwou Méiglechkeeten: 1. Dir sammelt d'Suen an der Klass an bezuelt mat Cash op der Platz wann dir déi fäerdeg Hoodies siche kommt. 2. Dir sammelt d'Suen an maacht e Virement op eise Bankkonto (D'Kontosnummer fënns du op der Rechnung déi mir dir schlécken wäerten) an bréngt eng Preuve de Paiement mat wann dir déi fäerdeg Hoodies siche kommt.




Kënnt dir eis beim Design vun eisem Logo fir op d'Hoodies hëllefen?


Kee Problem! Sammelt einfach zesummen är Iddien an der Klass wat op den Hoodie komme soll an schéckt eis des eran oder bréngt se mat an eisen Shop. Den Drockmeeschter probéiert des dann sou gutt ewéi méiglech ëmzesetzen!




Hällt den Drock an der Wäsch?


Eis Hoodie ginn am Siebdrock Verfahren gedréckt. De Siebdrock ass déi qualitativsten Drocktechnick déi et gëtt - den Drockmeeschter kann iech also garantéieren dass den Drock vun ärem Hoodie net an der Wäsch ofgoen wäert!




Kënnen mir d'Hoodies am Viraus umoossen?


Ganz gären! Wann dir iech fir een Hoodie bei eis am Shop entscheet huet kënnen mir iech ​e gratis Umooss-Set matginn, domat deng Matschüler d'Hoodies an der Klass umoossen kennen, befir dir bestellt.





Kontaktéiert eis!

Du hues eng bestëmmt Fro oder wëlls e RDV huelen fir beim Drockmeeschter laanscht ze kommen? Zéck net eis ze kontaktéieren!

5, rue de Neuerburg, L-2215 Beggen, Luxembourg

Dënschdes - Samsdes: 12h - 18h (op RDV)

  • Facebook
  • Instagram

 

 

© 2019 Drockmeeschter